NEWS



SPOT





KONZEPTIOUN A REALISATIOUN

D’Realisatioun vun engem Sportsterrain erfuerdert eng grouss Unzuel u Fachleit, di iwwer ganz verschidden a ganz spezifesch Kompetenze verfüge mussen. Génie Civil, Choix vum Buedembelag, Netzsystem – fir déi Saache schaffe mir zesumme mat Karp-Kneip Constructions S.A.

ENTRETIEN

Dank eisem Equipement kënne mir Iech en nohaltegen Entretien vun Ärem Sportsterrain ubidden, entweder als eenzel Interventioun oder am Kader vun engem Joreskontrakt.

Mir realiséieren och e “Piquetage en profondeur”, deen eng gutt Belëftung an eng optimal Penetratioun vu Buedem-Aktivatoren assuréiert.

AUTOMATESCHEN NETZSYSTEM

Fir den Entretien vu Sportsterraine benotze mir nëmmen zertifizéiert Equipement. Dir kënnt Iech voll a ganz op eise Service Après-Installation verloossen a kënnt deen och mat Joereskontraktë fir den Entretien ze koppelen. Mir bidden Iech och d’Méiglechkeet fir Uewerflächen- a Reewaasser ze sammelen, dat duerch Pompelen an den automateschen Netzsystem agefouert gëtt.

Futtballsterrainen, Tennisterrainen, Reitplazen oder Golf-Parcours – vertraut eise 15 Joer Erfahrung an deem Beräich.

REITPLAZEN

Realisatioun vu Reitplazen

No enger individueller Berodung, realiséieren eis Spezialisten den Terrassement an d’Preparatioun vum Terrain, d’Gestaltung vum Buedem, all technesch Installatiounen an den Amenagement an den Entretien vun de Gréngflächen an dem automateschen Netzsystem.

Locatioun vun enger professioneller Reitplaz

Mir kënnen Iech eng komplett, héichqualitativ Reitplaz verlounen, bis zu maximal 25 m x 40 m.