L’éveil des sens…
Äre Gaart, traditionell oder wëll
Am respektvollen Ëmgang mat der Natur gestalten eis Gäertner e Gaart, deen Iech entsprécht, deen eng Atmosphär schaaft an e Beräich fir z’entspanen ass – ganz no Äre Preferenzen an am Aklang mat der Ëmgéigend an alle Reglementatiounen.
Dir leet Wäert op de Respekt vun der Ëmwelt? Da plangen a gestalte mir Äre Gaart ganz an deem Sënn. Mir verzichten op chemesch Produiten a proposéieren Iech e Choix vu Planzen, déi d’Biodiversitéit erhéijen an déi natierlech kompatibel mat der Buedembeschafenheet an der Orientatioun vun Ärem Gaart sinn.
Eis Paysagistë stinn Iech zur Verfügung
Eis Paysagisten hunn ëmmer en oppent Ouer fir Är Wënsch, adaptéieren Är Ideeën a proposéieren Iech Etuden, Pläng a weider Ideeë fir Äre Projet.
Croquisen, Quierschnëtter, Illustratiounen an 3D-Usiichten hëllefen Iech eng Virstellung vun Ärem zukünftege Gaart ze kréien. Mir erstellen Iech e Budget an e Plang wéi d’Aarbechten oflafe sollen.
Äre Gaart gëtt eenzegaarteg: Blummegaart, zäitgenëssesche Gaart, Eco-Gaart, Zen-Gaart oder flegeliichte Gaart.
Anlag vu gréngen Diech an Daachterrassen
Ob Balkon oder Terrass, et ass wonnerbar vun engem Ausseberäich profitéieren ze kënnen. Fir Äre Gaart op engem Daach unzeleeën, ass et néideg, virdrun eng serieux Projets-Etude duerchzeféieren. Bei der Planung vun den Detailer an den Autorisatioune schaffe mir mat Gebai-Architekten zesummen. A fir D’Ausrechne vun der maximaler Belaaschtbarkeet ziele mir op spezialiséiert Bauingenieuren. Fir d’Begréngung vun Diech setze mir speziell Techniken an, déi aus Schutzmembranen, Matte fir d’Absorbéiere vu Waasser a spezielle Substrate bestinn.
Eis Paysagiste wielen d’Zorte vu Planze je no der Stäerkt vun der Vegetatiounsschicht, vum Wand a vun der Lag aus, fir dass de gréngen Daach déi gewënschten Atmosphär ausstrahlt an zu engem richtege Gaart gëtt. Mir këmmeren eis och ëm Ären automateschen Netz-System a kënnen eis ëm den Entretien vun Ärem gréngen Daach këmmeren.




