NEWS



SPOT





KREATIOUN VU GRÉNGFLÄCHEN

Vertraut eisem spezialiséierten Team d’Planzen, de Schnëtt an den Entretien vun Äre Gréngflächen un – egal ob fir privat oder ëffentlech Zwecker. Bamfällen, Preparatioun vum Buedem, Planze vu Wiss oder Leeë vu Rullwiss – mir kreéieren Är Gréngflächen.

ENTRETIEN VU GRÉNGFLÄCHEN

All Plaz ass eenzegaarteg. Dofir assuréiert vereal en Entretien op Mooss, souwéi och de Schnëtt vun all Zorte vu Beem.

FLÄCHERÄUMUNG, BAMFÄLLEN, SCHNËTTAARBECHTEN

Mir verfügen iwwert dat néidegt, leeschtungskräftegt Equipement fir Iech e séiert a proppert Resultat liwweren ze kënnen. Mir sinn op Flächeräumung spezialiséiert: Schnëtt vun Hecken, Planzen a Beem, Méie vu grousse Flächen, komplizéiert Fällungen, Zerklengere vu Gréng-Offäll an d’Evakuatioun vun Holzschnëtzel.

VERPLANZEN

D’Verplanze vu Beem erfuerdert e grousst Fachwëssen a spezialiséiert Aarbechtsschrëtt, déi eis professionell Equipë all mat hirem Spezial-Equipement ausféiere kënnen.