BËSCH-WIRTSCHAFT
Eis Sylviculteuren hunn dat néidegt Equipement fir all Zort vu Bëschaktivitéit: Duerchfuerschtung oder Kahlschlag, maschinell oder op der Hand.
COMMERCE VUN HOLZ
Mat Hëllef vun eisem leeschtungsstaarke Bësch-Equipement kënne mir eis ëm all Etappë vun der Kommerzialisatioun vun Ärem Holz këmmeren – séier an efficace.
FRÄSEN A GYROBROYAGE
Mir hunn dat néidegt Equipement fir all Zort vu Broyage, Fraisage oder Dessouchage. Ënner anerem verfüge mir och iwwer Raupefräsen, déi e ganze Koup Avantagë bidden: nidderegen Drock op de Buedem, Aarbechten a staarken Neigungen an a Fiichtgebitter, souwéi eng séier Exekutioun.
VERSCHIDDE PLANZEN- A BËSCHAARBECHTEN
Vum Planze bis zur Exploitatioun vum Bësch – mir assuréieren de komplette Suivi vun Äre Bëschaarbechten. Et ginn och eng sëlleche Finanzhëllefen – denkt drun Iech z’informéieren.